Thème d'année

Rubriques
Articles du Kontakt 2013-2014
 » Journal public „Heimat(los)“



Les élèves se sont laissées inspirer par le thème

HEIMAT(LOS) / (SANS) ABRI -
(SANS) PATRIE - (SANS) FAMILLE.

Nous avons rassemblé leurs contributions dans un "journal public".   

> Voir les textes des élèves

 
 » Ausstellung „Eng Valise voll Heemecht“



Die Ausstellung „Eng Valise voll Heemecht“ erzählt davon, was Schülerinnen mit ihrer Heimat verbindet und was sie aus der alten Heimat in die neue Heimat mitbringen und wie sie so zur Vielfalt und zum Reichtum des Zusammenlebens beitragen. 

> Voir les photos
> Voir les textes écrits par les élèves

 
Interview avec Shahmira Gharaie

Beschränkt d’Heemecht sech op seng Grenzen? Seng Sprooch? seng Kulturen? Villäicht.

Ech sinn net amstand e gutt Bild vu menger Heemecht ofzeginn, aus villen Uersaachen: Meng Heemecht huet mir de battere Geschmaach vum Verloscht ginn, de Verloscht vu menge Léifsten, meng Heemecht huet mer net erlaabt mäin eegene Liewesstil ze wielen, meng Heemecht huet mer d’Recht virenthalen, meng Studië weiderzeféieren, mäi Beruff, deen ech iwwer alles gär hat, auszeüben an déi Kleeder unzedoen, déi ech undoe wollt. Ech krut d’Freed gestuel an d’Fräiheet, e wüerdegt, séchert Liewen ze féieren. Dat muss een alles entbieren, fir de Wäert dovunner z’erkennen. Fir meng Kanner ze retten a gezwonge vu menger Heemecht, sinn ech fortgaang. Meng Heemecht huet mech erausgehäit.

Haut froen ech mech, wat ‘Heemecht’ bedeit ,fir Leit wéi mech, déi hiert Liewen net gewielt hunn, déi vun der ‘Heemecht’ gezwonge goufen, fortzegoen.
D’Land, dat mer d’Fräiheet gëtt?
D’Land, dat mech gutt ophëlt?
Wou ech mech a Sécherheet spieren?

Am Moment wou ech schwätzen, sinn ech, wann ech vun enger Rees zréck op Lëtzebuerg kommen, voller Freed an Dankbarkeet, heemzegoen, wou et mer gutt geet a wou ech Frëndschafte geschloss hunn.

Shahmira GHARAIE
(S. Gharaie est originaire d’Iran et travaille au Fieldgen depuis 2011 comme apparitrice.)
 

Interview avec Solange Mélon


Je suis d’un pays où l’identité est une chose compliquée… un petit territoire coupé en deux, partagé entre trois langues, avec une enclave bilingue au centre et une petite communauté à l’est.  

Je suis d’un pays où les cultures germanique et latine se sont rencontrées pour donner naissance à des êtres hybrides.

Je suis à la fois citoyenne du monde, européenne, belge, wallonne et liégeoise.

Je suis aussi adoptée par le Luxembourg, la région où je vis, et le pays où je travaille. Mais je me sens vraiment chez moi là où je suis entourée de gens qui m’aiment et me respectent pour ce que je suis et pas pour ce que j’ai, d’où je viens ou la langue que je parle…

Solange Mélon (professeure de Français)
 
Interview avec Jonathan Meehan

"Heimat" est difficile à exprimer dans d’autres langues. Heimat désigne l'endroit d’où l’on vient (souvent le lieu de vie de l’enfance) et l’ensemble des expériences particulières attachées à cet endroit, et qui aident à construire l’identité d’une personne. Or, bien que cette phase formatrice de la vie soit très importante, l’identité d’une personne ne reste pas figée dans une partie de sa vie.

Je suis né à Dublin en Irlande et j’ai vécu dans quatre pays, mais aujourd’hui je me sens « chez moi » dans un petit village à la campagne au Luxembourg – an ech fillen mech frou hei mat ménger Famill a ménge Kollegen.

Jonathan Meehan (professeur d’Anglais)
 
Interview avec Sr Marthe Senninger

Meng éischt Heemecht war d’Musel : d’Miseler Landschaft, Leit, Sprooch... als Intern op 7e hunn ech mech dout no hier verlaangert !

Haut, als Schwëster vun enger internationaler Kongregatioun, déi mech uechter d’Welt geschéckt huet fir Formatioun an Aarbecht, fillen ech mech iwwerall an eise Gemeinschaften doheem. Meng Famill, dat si meng Schwësteren aus Afrika, aus dem Chili, aus Korea, vu Roum, aus dem Frankräich, der Belsch, dem Cambodge ginn… Ech kennen si all, hu mat hinnen op der Plaz geliewt ; bei alle Verschiddenheeten liewe mir de sellwechte Geescht a Solidaritéit.

Och d’Kierch hunn ech erliewt, wéi e grousst Vollek, zu deem ech gehéieren. Iwwerall op der Welt hunn ech Gemeinschafte fonnt, déi Mass feieren mat jidderengem – ouni Visa als Entrée ze froen. Mäi Liewen ass u Jesus Christus gebonnen – an hien fannen ech iwwerall, a mir an an allem : dat ass meng fundamental Heemecht, déi mech duerch Déck an Dënn begleet.

Heemecht, dat sinn ëmmer fir mech Gesiichter – an dat wat ech sichen ze verstoen a gäeren ze hunn.

Sr Marthe Senninger

Ecole Privée Fieldgen - All rights reserved - Webmaster